
Thursday Apr 03, 2025
EP10: Enfants à besoins spécifiques zu Viichten ¦ Table ronde zum Thema "Cybergrooming" ¦ CB Claude SCHEUER Sportsunterrëcht am Fondamentale an am Secondaire
Wéi schonn an der leschter Episod ugekënnegt, gi mer haut an onsem Reportagendeel op Viichten. Hei kucke mer ons e Projet u fir Kanner à besoins spécifiques ze hëllefen. E Projet, deen awer och all deenen anere Kanner an der Schoul ze gutt kënnt an dee virun allem op d’Präventioun setzt.
💬 Am Interviewdeel proposéiere mer iech eng Table Ronde zum Thema Cybergrooming, déi am Kader vum Ciné-Débat an der Escher Kulturfabrik den 28. Januar organiséiert gouf. Gewise gouf de Film Gefangen im Netz.
🏃♂️Zum Ofschloss gëtt et eng Carte blanche mam Claude Scheuer, Sportsproff a Formateur um IFEN, iwwer seng Visioun vum Sportsunterrecht am Fondamentale an am Secondaire. Lauschtert d’Episod hei!
No comments yet. Be the first to say something!