IFEN INSPIRE PODCAST

Abonnéiert eise Podcast a begleet eis op dëser spannender Rees duerch d’Welt vun der Educatioun.

IFEN INSPIRE Podcast

Entdeckt mam Podcast vum IFEN eng Panoplie un Inspiratiounen, Iddien a Praxisbeispiller aus der Edukatiounswelt. All Episod ass agedeelt an 3 thematesch Bléck : 

1. Reportagen: Inspiréierend Geschichten  aus eiser Bildungslandschaft : Mir besiche Schoulen, Formatiounen, Konferenzen a Foiren, féieren Interviewen an entdecken nei Léiermethoden, fir Iech praktesch Tipps fir Äer Praxis mat op de Wee ze ginn. 

 

2. Expertenstëmmen: Am zweeten Deel gi mir Experten d’Wuert. Dat si souwuel Leit vum Terrain, wéi Formateuren oder Chercheure. Mat Hëllef vun Interviewen oder awer Zesummefaassunge vu méi laangen Diskussiounen, kritt Dir déif Ablécker an déi neisten Trends an Erkenntnisser am Bildungsberäich. 

 

3. Wëssenschaftlech Perspektiven: Am leschten Block vun eisem Podcast kritt all Episod een aner Wëssenschaftler eng ”Carte blanche”. Hei hunn si d’Méiglechkeet mat eis ze deelen, wat d’Welt vun der Fuerschung aktuell beschäftegt a wéi een Impakt dës Erkenntnisser op déi alldeeglech Aarbecht kënnen hunn. 

Episodes

Jul 14, 2026

31 min

Um Programm vun dëser Episode:
0:00 – Intro
0:45 – Reportage (LU)De Paul Schroeder (I-CN), d’Joffer Chloé an de Schoulmeeschter Yan erzielen, wéi hir Schüler mat Minecraft an der VR-Brëll Monumenter bauen an erliewen.
Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction
10:55 – École nationale de santé (LU)D’Anne Collé an de Robert Kanz weisen, wéi virtuell Realitéit an der Ausbildung vun de Gesondheetsberuffer agesat gëtt.
Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction
22:15 – Carte Blanche (LU)De Jerry Medernach, Sportwëssenschaftler, iwwer „de Kapp am Sport » — Entscheedungen, Kreativitéit an d’Roll vun der Erfarung.
Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction
28:43 – Wosst der schonn…? (LU)De Claude Scheuer stellt den neie Léierplang „Beweegung a Gesondheet » vir, deen ab September am Cycle 1 an 2 a Kraaft trëtt — mat sechs neie Kompetenzberäicher.
Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction
 
Accompagnement en compétences numériques
 
Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire
 

Jul 14, 2026

31 min

Jun 22, 2026

34 min


Um Programm vun dëser Episode:
0:00 - Intro
1:59 - Reportage (LU)
Zwou Léierinnen erzielen aus hirem Alldag mam Dobaussenunterrécht.
Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction
12:24 - Andrea Fiedler, Projektleiterin von FuDo und Weiterbildnerin, beleuchtet das Thema aus wissenschaftlicher Sicht (DE).
Transkription / EN translation / FR traduction
21:30 - Dräi Froen un... (LU)
Wéi gëtt den Dobaussenunterrecht institutionell begleet a gefërdert? De Joa Baum, Direkter vun der Regionaldirektioun 10, deelt seng Perspektiv dozou.
Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction
24:28 - Carte Blanche (DE)
Dominic Harion (IFEN) beleuchtet Chancen, Grenzen und praxisnahe Einsatzmöglichkeiten generativer KI im Unterricht.
Transkription / EN translation / FR traduction
30:30 - Wosst der schonn...? (LU)
Den i-CN Joël Wealer deelt konkret Recommandatiounen a praktesch Beispiller, wéi KI-Tools gezielt a sënnvoll am Léierprozess agesat kënne ginn.
32:10 - Outro (LU)
 
Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

Jun 22, 2026

34 min

Apr 17, 2026

23 min


Um Programm vun dëser Episode:
0:04 - Intro
1:47 - Reportage (LU)
Eng Enseignante an eng I-EBS ginn Abléck an hir alldeeglech Aarbecht a weisen, wéi Kanner mat spezifesche Besoinen an der Grondschoul begleet ginn.
Transkriptioun / DE Übersetzung, EN translation, FR traduction
8:49 - Dräi Froen un... (LU)
De President vun der CAR (Commission des aménagements raisonnables) deelt säi perséinlecht Erliefnis a seng Visioun vun der schoulescher Inklusioun.
Transkriptioun / DE Übersetzung, EN translation, FR traduction
15:26 - Carte Blanche (DE)
Der Professor Andreas Bund (Uni.lu) beleuchtet die Bewegungsaktivität von Jugendlichen in Luxemburg.
Transkription / EN translation / FR traduction
21:30 - Wosst der schonn...? (LU)
Den IFEN-Formateur Claude Scheuer gëtt konkret a praktesch Recommandatioune fir méi Beweegung am Schoulalldag.
Guichet de l'inclusion scolaire
Projet WIBS
Bewegungsförderung (SCRIPT) 
22:55 - Outro (LU)
 
Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

Apr 17, 2026

23 min

Mar 3, 2026

34 min


Um Programm vun dëser Episode:
0:07 - Intro
0:39 - Témoignages (LU, FR)
Erfarunge vu 4 professionnellen aus dem Fondamental an dem Secondaire
Transcriptio(u)n / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction
6:02 - Table Ronde (DE)
De Ben Schreiner féiert eng Table ronde mat 7 Experten aus der Educatioun, der Weiderbildung an aus dem personaliséiertem Coaching.
Transkription / EN summary, FR résumé
27:08 - Carte Blanche (EN)
Dr Janne Fengler (Uni.lu) presentéiert eng Carte blanche: How can we prepare children for an everchanging world, new challenges and uncertainty? 🌍
Transcript / DE Übersetzung / FR traduction
 
Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

Mar 3, 2026

34 min

Jan 22, 2026

30 min


Um Programm vun dëser Episode:
0:16 - Intro & Teasers
0:50 - Reportage Mersch (LU)
Mir ginn op Besuch an de LUDIK zu Miersch.
Transkriptioun / DE Zusammenfassung, EN summary, FR résumé
10:48 - Table Ronde (LU)
De Ben Schreiner féiert eng Table ronde iwwer Spillpedagogik an de Ludothéiksprojet zu Woiwer mam Joël Wealer a mam Kris Haas.
Transkriptioun / DE Zusammenfassung, EN summary / FR résumé
25:10 - Carte Blanche (DE)
D'Julia Strohmer présentéiert eng Carte blanche iwwer d'mentalisierungsbaséiert Pädagogik.
Transkription / FR traduction / EN translation
 
Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

Jan 22, 2026

30 min

Oct 30, 2025

36 min

Um Programm vun dëser Episode:
0:27 - Teasers
1:12 - Reportage Mersch (LU)
Mir ginn op Besuch an d’Klass C4.2 vum Kevin Neuhengen a Jeff Elcheroth.
Transkriptioun / DE Zusammenfassung, EN summary, FR résumé
6:17 - Table Ronde (LU)
De Ben Schreiner féiert eng flott Table ronde iwwer Raumgestaltung mam Jo Johanns a Laura Donven.
Transkriptioun / DE Zusammenfassung / EN summary / FR résumé
30:47 - Carte Blanche (FR)
Den Amaury Daele présentéiert eng Carte blanche iwwer Erfollegskrittären an der Weiderbildung.
Amaury Daele présente une carte blanche sur les critères de réussite en formation continue.
Transcription / DE Übersetzung / EN translation
 
Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

Oct 30, 2025

36 min

Jul 15, 2025

38 min

An der 12. Episode vum IFEN Inspire Podcast stelle mer:
[01:17] am Reportagendeel CA(H)RE vir, d’Cellule d’Accompagnement pour élèves hospitalisés ou en rémission.
[18:47] Am zweeten Deel ënnerhält sech d’Véronique Schons aus der Divisioun vum Leadership (IFEN) mam Pavle Madzirov iwwer kënschtlech Intelligenz am Bildungsberäich.
[30:27] An hirer Carte blanche erkläert ons d’Lisa David, Lëtzebuerger Bildungswëssenschaftlerin, déi zu Wien lieft, firwat et wichteg ass säin Handelen am Klassesall stänneg ze hannerfroen. 
 
Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

Jul 15, 2025

38 min

May 22, 2025

45 hr 22 min


An der 11. Episode vum IFEN Inspire Podcast erwaart Iech am Reportagendeel e Réckbléck op d’First Lego League Challenge 2025.
Vu September bis Mee hu mer 2 vun de 66 Schoulklassen dei dëst Joer matgemaach hu begleet. Op der enger Säit d’Sophie Lieser aus der Schoul Wobrecken vun Esch, op der anerer Säit de Marc Ewerling, de Mike Kickert an de Charlie Thill aus der Schoul Lenkeschlei vun Diddeleng.
 
Am Interviewdeel proposéiere mer iech en Interview mam Philipp Karch, Kommunikatiounstrainer a Coach.
Wat mëscht eng gutt Kommunikatioun tëscht dem Léierpersonal ënnerteneen an och mat den Elteren aus? Wat sinn "do’s" an "don’ts" wann et ëm de Schrëftverkéier geet? Wéi kann eng gutt Kommunikatioun hëllefe Konflikter ze vermeiden? Doriwwer geet et am zweeten Deel.
 
An der Carte blanche dréint sech dann alles ëm den Theater.
D’Judith Senger, Schauspillerin, Regisseurin, Theaterpädagogin a Coach verréit ons firwat et hirer Meenung no wichteg ass, Theater sou vill wéi méiglech an de Schoulalldag ze integréieren.
 
Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

May 22, 2025

45 hr 22 min

Apr 3, 2025

41 min

Wéi schonn an der leschter Episod ugekënnegt, gi mer haut an onsem Reportagendeel op Viichten.
Hei kucke mer ons e Projet u fir Kanner à besoins spécifiques ze hëllefen. E Projet, deen awer och all deenen anere Kanner an der Schoul ze gutt kënnt an dee virun allem op d’Präventioun setzt.
 
💬 Am Interviewdeel proposéiere mer iech eng Table Ronde zum Thema Cybergrooming, déi am Kader vum Ciné-Débat an der Escher Kulturfabrik den 28. Januar organiséiert gouf.
Gewise gouf de Film Gefangen im Netz. 
 
🏃‍♂️Zum Ofschloss gëtt et eng Carte blanche mam Claude Scheuer, Sportsproff a Formateur um IFEN, iwwer seng Visioun vum Sportsunterrecht am Fondamentale an am Secondaire.
 
Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

Apr 3, 2025

41 min

Feb 13, 2025

47 min

An dëser Episod vum IFEN Inspire Podcast beschäftege mer ons am Reportagendeel mat Kanner mat Leierschwieregkeeten.
Wat fir eng Kanner sinn dat? Wei kann e Schwieregkeeten erkennen a wat ass den Ënnerscheed zu Kanner à besoins spécifiques? Wéi kann een hinnen hëllefen a wat ass de PIPAS-Projet vum CDA? 
 
Am Interviewdeel schwätze mer mam Michèle Weber a mam Jhemp Bertemes vum Fonds National de la Recherche, dem FNR iwwert d’Wichtegkeet vum Science-Unterrecht. 
 
D’Sophie LeDorner, Formatrice um IFEN, beschäftegt sech an hirer Carte blanche mat der Feelerkultur an onse Schoulen. 
Download Fiche DYS
 
Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

Feb 13, 2025

47 min

Copyright 2023 All rights reserved.

Podcast Powered By Podbean

Version: 20241125