IFEN INSPIRE PODCAST

Abonnéiert eise Podcast a begleet eis op dëser spannender Rees duerch d’Welt vun der Educatioun.

Listen on:

  • Apple Podcasts
  • Podbean App
  • Spotify
  • Amazon Music
  • Podchaser
  • BoomPlay
Image

IFEN INSPIRE Podcast

Entdeckt mam Podcast vum IFEN eng Panoplie un Inspiratiounen, Iddien a Praxisbeispiller aus der Edukatiounswelt. All Episod ass agedeelt an 3 thematesch Bléck : 

1. Reportagen: Inspiréierend Geschichten  aus eiser Bildungslandschaft : Mir besiche Schoulen, Formatiounen, Konferenzen a Foiren, féieren Interviewen an entdecken nei Léiermethoden, fir Iech praktesch Tipps fir Äer Praxis mat op de Wee ze ginn. 

 

2. Expertenstëmmen: Am zweeten Deel gi mir Experten d’Wuert. Dat si souwuel Leit vum Terrain, wéi Formateuren oder Chercheure. Mat Hëllef vun Interviewen oder awer Zesummefaassunge vu méi laangen Diskussiounen, kritt Dir déif Ablécker an déi neisten Trends an Erkenntnisser am Bildungsberäich. 

 

3. Wëssenschaftlech Perspektiven: Am leschten Block vun eisem Podcast kritt all Episod een aner Wëssenschaftler eng ”Carte blanche”. Hei hunn si d’Méiglechkeet mat eis ze deelen, wat d’Welt vun der Fuerschung aktuell beschäftegt a wéi een Impakt dës Erkenntnisser op déi alldeeglech Aarbecht kënnen hunn. 

Episodes

Tuesday Oct 29, 2024

Am Reportagendeel dréint sech alles ëm d’Konzept vun der Hospitatioun. D’Viktoria Boretzka, wat sech hei um IFEN ëm d’Hospitatiounen am Secondaire këmmert, erkläert ons, wat een ënnert deem Konzept versteet, wei et hei am Land an och am Ausland an der Praxis ëmgesat gëtt an och wat fir Méiglechkeeten den IFEN an deem Beräich ubitt. Dozou huet Si sech mat verschiddenen Experten ënnerhalen.
Am Interviewdeel dréint sech alles ëm d’Santé mentale.
Vum 7. bis den 20. Oktober wor hei zu Lëtzebuerg dei 4. Editioun vun der Semaine de la santé mentale. An deem Kader huet sech d’Laura Schmit mam Sacha Bachim ënnerhalen, Psychotherapeut an Auteur vun 2 Spiegel-Bestseller.
An der Carte blanche vun haut huet sech de Christian Meyers vun der Uni.lu seng Gedanken doriwwer gemaach, wei et mat der politescher Bildung an der lëtzebuerger Bildungslandschaft steet.

Thursday Jul 11, 2024

Am Reportage stelle mer iech de Churermodell vir. (Videoen zum Churermodell)
Mir hunn en Interview mam Professer Tarquinio vun der Universitéit vu Metz iwwert d’Thema Inzest.  Film "Un silence si bruyant"
An der Carte blanche stellt ons d’Vera Hilger vun der Uni.lu eng Testbatterie a lëtzeboier Sprooch vir Leierstéierungen ze diagnostizéieren vir.
 
Ëmfro zum Podcast
 

Thursday May 23, 2024

Am Reportage kucke mir zréck op d'EdFest, dat de 4. Mee an de Rotonden zu Bouneweg stattfonnt huet.
Am Virfeld hate mer d’Geleeënheet ons ukucken ze goen wat fir flott Projeten an Ideeën all Dag an onse Schoulen ëmgesat ginn. Wat ass "blended learning" am Lycée? Firwat léisst een d’Schüler an d’Schülerinne wärend der Stonn um Vëlo fueren? Wéi kann een an der Beweegung léieren? Wat ass d’Talentfuerderung am Réidener Lycée a wat maachen Hinger a Kanéngercher am Schengener Lycée? Dat alles wäerte mer ons am éischten Deel vum Podcast ukucke goen.
Am zweeten Deel erwaart Iech en Interview mam Isabelle Haas an dem Nathalie Rollin.
Si maachen zu Stengefort an zu Käerch Kanneryoga a Klangpädagogik mat de Kanner. Wat bréngt dat de Kanner? Wat fir e Material brauch een dofir a wat fir eng schéi Momenter hu si erlieft? Dat alles erziele si ons.
An der Carte blanche dréint sech dës Kéier alles ëm d’Europawalen vum 9. Juni.
D’Marnie Ecker vum ZPB, dem Zentrum fir politesch Bildung, huet sech doriwwer e puer Gedanke gemaach.

Thursday Mar 28, 2024

Wéi virun all Vakanz kënnt der iech och dës Kéier rëm déi neisten Episode vum IFEN Inspire Podcast ulauschteren.
Déi éischt Sonnestralen déi sou schéi waarm drécke sinn do an et huet e rëm richteg Loscht fir erauszegoen. Genau dat maache mir am Reportage.
Outdoor Education ass d’Stéchwuert an d’Laura Schmit huet sech an de Bëscher an de Schoulgäert ëmgekuckt a war zesumme mat de Klassen an d’Natur.
Am Interview beschäftege mer ons mat der Reflexintegratioun.
Nach ni héieren? Mir ass et genau sou gaangen an dofir sinn ech bei d’Annette Jaffke gaangen. Wat eng Psychagogin ass a wat si mat Reflexintegration ze dinn huet, dat ka Si ons erklären.
Fir ofzeschléisse gi mer dem Dominique Mangiatordi an onser Carte Blanche d’Wuert.
Hie beschäftegt sech ganz vill mat KI, der kënschtlecher Intelligenz, a wéi een déi kann nëtzlech an der Schoul asetzen.

Thursday Feb 08, 2024

Am Reportage werfe mer mam Martine Lehnen (IFEN Hospitatiounen*), e Bléck a verschidde Klasseräim a Schoulgebaier.
Wat ginn et fir Konzepter a Méiglechkeeten de Léierraum ze gestalten?
Formation: Aménagement des espaces scolaires au service des apprentissages et du comportement à l'école  
Reportage: Enseigner en classe flexible 
Reportage: De Churermodell an der Mamer Grondschoul  
Reportage: Raumkonzept an der Reggio-Pädagogik  
 
Musék als Fach an der Grondschoul – en onbeléifte Lückefüller am Stonneplang oder e Fach mat onausgeschöpften Geleeënheeten?
Dorëms geet et am Interview. Den Eric Falchero, Museker a Proff op der Uni.lu steet eis Ried an Äntwert.
 
Wei gestalten ech Unterrecht, dee fir d’Schüler motivéierend ass? Wat fir eng verschidde Motivatiounstyppe ginn et bei eise Schüler a Schülerinnen?
Deene Froe sinn d’Ineke Pit-Ten Cate an den Axel Grund vun der Uni.lu an der Carte Blanche nogaangen.
Link zur Studie
Buch
 
*
Hospitation: Enseigner dans une classe flexible  https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284963
Hospitation: Exploring Reggio-Ateliers - Beautiful Stuff & more  https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284954
Hospitation: Reggiopädagogik  https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284953
Hospitation: Reggio-Pädagogik trifft auf Meditation und Yoga  https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284957
Hospitation: Churermodell im Cycle 4 - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=286586
Hospitation: Churermodell - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284965
Hospitation: Churermodell à Pétange  https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284996
 

S1 EP 02: Spiller am Unterrecht

Wednesday Dec 20, 2023

Wednesday Dec 20, 2023

Mir waren op der Game On an ons an d’Schoulen ukucken, wéi do Spiller an den Asaz kommen.
 
D’Isabell Baumann an den Dominic Harion vun der Uni Lëtzebuerg analyséieren eng Etude zu dem Thema.
 
Den Thomas Lenz vun der Uni Lëtzebuerg freet sech op d’Integratioun am lëtzebuergesche Bildungssystem gescheitert.

Wednesday Dec 20, 2023

An dëser Episode:
Interview mam Christian Lamy, Direkter vum IFEN, iwwer den neie IFEN Inspire Podcast.
Weider Infoen op www.ifen.lu

Copyright 2023 All rights reserved.

Podcast Powered By Podbean

Version: 20241125