Thursday May 22, 2025

EP11: First Lego League Challenge ¦ ITW man Philipp Karch zum Thema Kommunikation ¦ CB Judith Senger

An der 11. Episode vum IFEN Inspire Podcast erwaart Iech am Reportagendeel e Réckbléck op d’First Lego League Challenge 2025. Vu September bis Mee hu mer 2 vun de 66 Schoulklassen dei dëst Joer matgemaach hu begleet. Op der enger Säit d’Sophie Lieser aus der Schoul Wobrecken vun Esch, op der anerer Säit de Marc Ewerling, de Mike Kickert an de Charlie Thill aus der Schoul Lenkeschlei vun Diddeleng.

Am Interviewdeel proposéiere mer iech en Interview mam Philipp Karch, Kommunikatiounstrainer a Coach. Wat mëscht eng gutt Kommunikatioun tëscht dem Léierpersonal ënnerteneen an och mat den Elteren aus? Wat sinn do’s an don’ts wann et ëm de Schrëftverkéier geet? Wei kann eng gutt Kommunikatioun hëllefe Konflikter ze vermeiden? Doriwwer geet et am zweeten Deel.

An der Carte blanche dréint sech dann alles ëm den Theater. D’Judith Senger, Schauspillerin, Regisseurin, Theaterpädagogin a Coach verréit ons firwat et hirer Meenung no wichteg ass, Theater sou vill wéi méiglech an de Schoulalldag ze integréieren.

Comment (0)

No comments yet. Be the first to say something!

Copyright 2023 All rights reserved.

Podcast Powered By Podbean

Version: 20241125