IFEN INSPIRE Podcast
Entdeckt mam Podcast vum IFEN eng Panoplie un Inspiratiounen, Iddien a Praxisbeispiller aus der Edukatiounswelt. All Episod ass agedeelt an 3 thematesch Bléck :
1. Reportagen: Inspiréierend Geschichten aus eiser Bildungslandschaft : Mir besiche Schoulen, Formatiounen, Konferenzen a Foiren, féieren Interviewen an entdecken nei Léiermethoden, fir Iech praktesch Tipps fir Äer Praxis mat op de Wee ze ginn.
2. Expertenstëmmen: Am zweeten Deel gi mir Experten d’Wuert. Dat si souwuel Leit vum Terrain, wéi Formateuren oder Chercheure. Mat Hëllef vun Interviewen oder awer Zesummefaassunge vu méi laangen Diskussiounen, kritt Dir déif Ablécker an déi neisten Trends an Erkenntnisser am Bildungsberäich.
3. Wëssenschaftlech Perspektiven: Am leschten Block vun eisem Podcast kritt all Episod een aner Wëssenschaftler eng ”Carte blanche”. Hei hunn si d’Méiglechkeet mat eis ze deelen, wat d’Welt vun der Fuerschung aktuell beschäftegt a wéi een Impakt dës Erkenntnisser op déi alldeeglech Aarbecht kënnen hunn.
Episodes
Tuesday Oct 29, 2024
Tuesday Oct 29, 2024
Am Reportagendeel, dréint sech alles ëm d’Konzept vun der Hospitatioun. D’Viktoria Boretzka, wat sech hei um IFEN ëm d’Hospitatiounen am Secondaire këmmert, erkläert ons, wat een ënnert deem Konzept versteet, wei et hei am Land an och am Ausland an der Praxis ëmgesat gëtt an och wat fir Méiglechkeeten den IFEN an deem Beräich ubitt. Dozou huet hat sech mat verschiddenen Experten ënnerhalen.
Am Interviewdeel dréint sech alles ëm d’Santé mentale. Vum 7. bis den 20. Oktober wor hei zu Lëtzebuerg dei 4. Editioun vun der Semaine de la santé mentale. An deem Kader huet sech d’Laura Schmit mam Sacha Bachim ënnerhalen, Psychotherapeut an Auteur vun 2 Spiegel-Bestseller.
An der Carte blanche vun haut huet sech de Christian Meyers vun der Uni.lu seng Gedanken doriwwer gemaach, wei et mat der politescher Bildung an der lëtzebuerger Bildungslandschaft steet.
Thursday Jul 11, 2024
Thursday Jul 11, 2024
An dëser Episode stelle mer iech de Churermodell vir. Mir hunn en Interview mam Professer Tarquinio vun der Universitéit vu Metz iwwert d’Thema Inzest. An der Carte blanche stellt ons d’Vera Hilger vun der Uni.lu eng Testbatterie a lëtzeboier Sprooch vir Leierstéierungen ze diagnostizéieren vir.
Ëmfro zum Podcast
De ganzen Interview mam Professer Tarquinio
Videoen zum Churermodell
Film "Un silence si bruyant"
Thursday May 23, 2024
Thursday May 23, 2024
Am éischten Deel kucke mir zréck op d'EdFest, dat de 4. Mee an de Rotonden zu Bouneweg stattfonnt huet. Am Virfeld hate mer d’Geleeënheet ons ukucken ze goen wat fir flott Projeten an Ideeën all Dag an onse Schoulen ëmgesat ginn. Wat ass blended learning am Lycée, firwat léisst een d’Schüler an d’Schülerinne wärend der Stonn um Vëlo fueren, wei kann een an der Beweegung leieren, wat ass d’Talentfuerderung am Réidener Lycée a wat maachen Hinger a Kanéngercher am Schengener Lycée. Dat alles wäerte mer ons am éischten Deel vum Podcast ukucke goen.
Am zweeten Deel erwaart Iech en Interview mam Isabelle Haas an dem Nathalie Rollin. Si maachen zu Stengefort an zu Käerch Kanneryoga a Klangpädagogik mat de Kanner. Wat bréngt dat de Kanner, wat fir e Material brauch een dofir a wat fir eng schei Momenter hu si erlieft. Dat alles erziele si ons.
An der Carte blanche dréint sech dës Kéier alles ëm d’Europawalen vum 9. Juni. D’Marnie Ecker vum ZPB, dem Zentrum fir politesch Bildung huet sech doriwwer e puer Gedanke gemaach.
Weider Informationen:
www.developpement-scolaire.lu
Thursday Mar 28, 2024
Thursday Mar 28, 2024
Wéi virun all Vakanz kënnt der iech och dës Kéier rëm déi neisten Episode vum IFEN Inspire Podcast ulauschteren. Déi éischt Sonnestralen déi sou schéi waarm drécke sinn do an et huet e rëm richteg Loscht fir erauszegoen. Genau dat maache mir am éischten Deel. Outdoor Education ass d’Stéchwuert an d’Laura Schmit huet sech an de Bëscher an de Schoulgäert ëmgekuckt a war zesumme mat de Klassen an d’Natur.
Am zweeten Deel beschäftege mer ons mat der Reflexintegratioun. Nach ni héieren? Mir ass et genau sou gaangen an dofir sinn ech bei d’Annette Jaffke gaangen. Wat eng Psychagogin ass a wat si mat Reflexintegration ze dinn huet, dat kann hatt ons erklären.
Fir ofzeschléisse gi mer dem Dominique Mangiatordi an onser Carte Blanche d’Wuert. Hie beschäftegt sech ganz vill mat KI, der kënschtlecher Intelligenz, a wéi een déi kann nëtzlech an der Schoul asetzen.
Hei fannt dir nach weider Informatiounen:
www.developpement-scolaire.lu
Thursday Feb 08, 2024
Thursday Feb 08, 2024
Am éischten Deel werfe mer mam Martine Lehnen (IFEN Hospitatiounen), e Bléck a verschidde Klasseräim a Schoulgebaier. Wat ginn et fir Konzepter a Méiglechkeeten de Léierraum ze gestalten?
Musek als Fach an der Grondschoul – en onbeléifte Lückefüller am Stonneplang oder e Fach mat onausgeschöpften Geleeënheeten? Dorëms geet et am zweeten Deel. Den Eric Falchero, Museker an Prof op der Uni.lu steet eis Ried an Äntwert.
Wei gestalten ech Unterrecht, dee fir d’Schüler motivéierend ass. Wat fir eng verschidde Motivatiounstyppe ginn et bei eise Schüler a Schülerinnen? Deene Froe sinn d’Ineke Pit-Ten Cate an den Axel Grund vun der Uni.lu am leschten Deel vum Podcast nogaangen.
Hospitation: Enseigner dans une classe flexible - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284963
Hospitation: Exploring Reggio-Ateliers - Beautiful Stuff & more - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284954
Hospitation: Reggiopädagogik - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284953
Hospitation: Reggio-Pädagogik trifft auf Meditation und Yoga - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284957
Hospitation: Churermodell im Cycle 4 - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=286586
Hospitation: Churermodell - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284965
Hospitation: Churermodell à Pétange - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284996
Formation: Aménagement des espaces scolaires au service des apprentissages et du comportement à l'école - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=286045
Reportage: Enseigner en classe flexible - https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/enseigner-en-classe-flexible/
Reportage: De Churermodell an der Mamer Grondschoul - https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/de-churermodell-an-der-mamer-grondschoul/
Reportage: Raumkonzept an der Reggio-Pädagogik - https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/raumkonzept-an-der-reggio-padagogik/
Link zur Studie: https://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S0959475223001378
Buch: https://www.utb.de/doi/10.36198/9783838559759
Wednesday Dec 20, 2023
Wednesday Dec 20, 2023
Mir waren op der Game On an ons an d’Schoulen ukucken, wei do Spiller an den Asaz kommen.
D’Isabell Baumann an den Dominic Harion vun der Uni Lëtzebuerg analyséieren eng Etude zu dem Thema.
Den Thomas Lenz vun der Uni Lëtzebuerg freet sech op d’Integratioun am lëtzebuergesche Bildungssystem gescheitert . www.developpement-scolaire.lu
Wednesday Dec 20, 2023
Wednesday Dec 20, 2023
An dëser Episode : Interview mam Christian Lamy, Direkter vum IFEN, iwwer den neie Kanal " IFEN Inspire Podcast ".Weider Infoen op www.ifen.lu an www.developpement-scolaire.lu